b-BOXX

b-BOXX – de moduléierbare Container fir Ären Event. Séif et fir e Pop-Up-Store wärend enger Transformatioun vun Ärem Geschäft, e Comptoir oder eng Receptioun op engem Event, b-BOXX ass eng praktesch a séier Léisung fir Ären individuelle Besoin.

De 20′ schwaarze Schëffscontainer huet eng Säiten-Dir a kann eng längst Säit ganz opgemaach ginn. Banne ganz am Holz verkleet mat engem schwaarze Buedem wierkt b-BOXX ganz elegant, zäitgeméiss an upassungsfäeg fir all Occasioun. Duerch de System

« Plug & Play » ass b-BOXX bannent 15 Minutten no der Liwwerung asetzbar a kann duerch seng grouss Diere mat eegene Bannere personaliséiert ginn. En Ecran hannen op der Réckewand ka fir d’Ofspille vu Promovideoen a villes méi genotzt ginn. Beim Asetze vun der

b-BOXX sinn der Fantasie keng Grenze gesat! Gäre berode mir an hëllefen Iech Äre Projet mat der b-BOXX auszeschaffen.

Loscht op deng

b-BOXX?