Lenstermaart

24. – 25. September 2021
zu Jonglënster

D‘Gemeng Jonglënster an Zesummenaarbescht
mat der Firma Go-Concept ass frou Iech matzedeelen,
dass si e Maart organiséieren, wou net nëmmen regional Produzenten a
Kënschtler ze fannen sinn, mee och eng ganz Rëtsch un Informatiounen,
Aktivitéiten an Animatiounen fir all Alter.
Dëse Maart leeft komplett
als „Green Event“ of.

Wéini?

Freides, de 24. September
vun 16:00 bis 23:00 Auer
Samschdes, de 25. September
vun 10:00 bis 19:00 Auer

Wou?

Am Härzen vu Jonglënster
Rue du Village

Wéi Kommen ech dohinner??

Zu Fouss oder mam Vëlo
(extra Vëlostänneren sinn virgesinn)

Mam Bus
Arrêt: Rue de la Gare
https://www.mobiliteit.lu/de/

Mam Auto (eventuell am Co-Voiturage)
op Opfangparking mat Navetten
Parking Op Fréinen
Parking Centre Polyvalent Gaston Stein
Park&Ride Junglinster beim Recyclingcenter

Vun do aus mat der Navette op de Maart
Freides bis 24:00 Auer
Samschdes bis 20:00 Auer

Wat brauch ech?

CovidCheck Zertifikat (et ginn och Schnelltester sur Place)
vollstänneg geimpft, genesen oder ee negativen PCR-Test, dee manner wéi
72 Stonnen al ass
Akaafskierf
Dir braucht keng Umellung

Wat leeft?

FREIDES

Grouss Bühn:
17:00–19:00 Auer: Newman Project
19:00–19:45 Auer: Linedance Jonglënster
20:15–22:30 Auer: Coverband Timeless
Kléng Bühn:
17:00–22:30 Auer: DJ

SAMSCHDES

Grouss Bühn:
14:00–16:00 Auer: Saxitude Robi Arend & Band
16:00–16:45 Auer: Linedance
Kléng Bühn: 
16:00–18:30 Auer: DJ

Aschreiwungsformulaire fir Artisten, Kënschtler & Hirsteller


Aschreiwungsformulaire fir Veräiner an Associatiounen

Aschreiwungsformulaire fir Produzenten